|
Méindes, 16 Abrëll 2012 11:50 |
|
Hei e puer flott Fotoen déi de Christian zu Colmar-Bierg gemaach huet.
Eis Jongen a Meedercher hu sech nees gutt geschloen.
Bei de Minimes konnten d'Lean de Yannick an den Tom sech am éischte Grupp op der Arrivée presentéieren a goufen 4. respektiv 6. a 7. am Sprint. De Raphaël gëtt 16., de Luc 18, den Jason 23. an de Philippe 24.
Bei de Minimes war et fir eis Coureuren e bësse méi schwiereg. D'Claire klasséiert sech als 18., de Max, de Jeff an den Alex kommen op d'Plazen 21-23.
Bei den Débutants war de Kevin G. nees ganz vir ze fannen a gëtt gudden 2. De Mike an de Mika waren am Verfolgergrupp a gi 6. respektiv 11. De Maurice klasséiert sech als 19. an de Kevin O. als 23.
Och eis Jéngst waren zu Colmar-Bierg nees am Asaz an hu sech wéi gewinnt ganz gutt druginn.
Detailléiert Resultater fann der um Site vun der FSCL.
Den nächste Weekend stinn da Coursen vir all Kategorie zu Dummeldeng um Programm. |
|
Leschten Update den Méindes, 30 Abrëll 2012 16:42 |
|
|
Méindes, 19 März 2012 19:49 |
|
E Sonndeg waren eis Coureuren fir d'éischt dës Saison hei am Land an Asaz.
D'Cadets hunn d'Saison agelaut, a 2 Minutten no hinne sinn d'Minimes op d'Streck gaang.
Fir eis 3 nei Minimes déi e Samschdeg derbäi waren, war et dann och direkt ee ganz schwieregen Ufank. Um Depart huet scho gutt gereent, a wéi wann dat net genuch gewiescht wier, ass et och nach richteg kal derbäi ginn. Trotzdem si all eng ganz gutt Course gefuer. D'Lena konnt sech als 3. vun der Course an als éischt Meedche klasséieren. Den Tom hat nach zousätzleche Pech, well hie krut am läschten Tour e Platten, a konnt doduerch leider net am Spëtzegrupp ukommen. Hien gëtt um Enn den 10. Och de Luc an de Philippe hunn dem Wieder getrotzt a kommen op déi 14. respektiv 16. Plaatz.
Och eis Cadets hunn ënnert dem schlechte Wieder gelidden.No engem ganz schnellen Depart waren de Fabien, d'Claire an den Alex nom 1. Tour nach an engem Spëtzegrupp vun ronn 15 Coureuren, déi kuerz hannert dem Leader vun der Course gerannt sinn. De Max an de Jeff koumen kuerz hannendrun. Am 2. Tour ass de Grupp gesprengt ginn. De Fabien an de Jeff hunn nom 2. Tour leider missen opginn, D'Claire , den Alex an de Max sinn awer mat vill Courage bis un d'Enn gefuer. Um Enn gëtt d'Claire dat 13. an 2. Meedchen. Den Alex kënnt op déi 19. an de Max op déi 20. Plaatz.
D'Débutants haten e bësse méi Chance. Et hat glécklecherweis opgehale mat reenen a si si nach just vun Ennen naass ginn. Direkt am 1. Tour huet de Kevin versicht zesumme mat engem Dippecher Coureur fortzekommen, wat hinnen och fir eng kuerz Zäit gelongen war. No engem Regruppement ass dunn dee gudde Coup vun 5 Coureuren, dobäi de Kevin, fortgaang. An engem éischt Verfolgergrupp konnten de Mike an de Mika matfueren, de Maurice huet sech an engem 2. Grupp erëmfonnt.
Um Enn gëtt de Kevin 2., de Mike 6., de Mika 9. an de Maurice 17.
Hei dann e puer Biller vum Dag. Weider Impressiounen vum Christian fann Der hei.
                                 
|
|
Leschten Update den Méindes, 26 März 2012 10:14 |
|
Samsdës, 10 März 2012 10:17 |
|
D'Saison 2012 ass elo definitiv och hei zu Lëtzebuerg lancéiert.
En Donneschdeg war eis traditionell Soirée fir eis Cyclotouristen, an dëse Weekend ass dann och deen éischte Rallye.
Fir déi meescht vun eise Coureuren fänkt d'Saison d'nächst Woch zu Éilereng mat der Clubchampionnat un. Just eis Débutants fueren haut schonn hier éischt Course an der Belsch.
Eis Jénckst hunn nach bis Ouschterméindeg Paus ier si hier éischt Yuppi's Trophy vum Joer zu Remerschen bei de Baggerweiere fueren.
De Comité wënscht all senge Sportler, Cyclotouristen, Coureuren a Jeunes eng flott Saison 2012.
Hei dann nach e puer Impressioune vun eisem Owend mat de Cyclotouristen.
     
|
|
Leschten Update den Samsdës, 17 März 2012 08:38 |
|
|
|
|
<< Start < Zréck 1 2 3 4 5 6 7 8 Nächst Säit > Lescht Säit >>
|
|
Säit 1 vun 8 |