Menu Content/Inhalt
Home

VTT-Fest a Yuppi's Trophy
Samsdës, 21 August 2010 14:58

D’Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes Schifflange

an Zesummenaarbecht mat

der Gemeng Schëffleng,

de Responsabel vun der Vëlosschoul,

dem Vëlo-Club « La Pédale 07 Schifflange »

invitéiert Iech vun Häerzen op hiert

Mountainbike-Fest

den 18te September 2010

zu Schëffleng

Et gi VTT-Course gefuer fir :

Kanner vu 6-10 Joer am Kader vun der Yuppi’s Trophy

a fir

Minimes a Cadets

(Präisser nom barème FSCL « courses sur route »)

Départ an Arrivée sinn op der VTT-Piste am Biergemer Wee zu Schëffleng

Den detailléierte Programm fann Der am Unhang.

 

Leschten Update den Samsdës, 21 August 2010 15:06
 

Attachments

Aktivitéiten 2010
Sonndes, 14 März 2010 10:38

Dëst Joër hu mer nees eng ganz Rei Aktivitéiten um Programm:

 30.04.  1. Mee Feier fir all eis Memberen
 08+09.05. Braderie zu Schëffleng
 12.05. Prologue vun der Flèche du Sud zu Schëffleng
 22.05. - 30.05.
 Stage fir eis Coureuren zu Métabief
 03.06.
 Départ vun enger Etappe vum Tour de Luxembourg zu Schëffleng
 22.06. Cortège fir Nationalfeierdaag
 23.06. Journée National de la Bicyclette zu Esch
 24.06. - 27.06.
 National Meeschterschaften op der Strooss zu Alzéng
 24.07. - 25.07.
 Festival Cycliste zu Schëffleng mat Rallye Robi Juncker a Coursen fir all Catégorie
 18.09. VTT-Fest am Biergemer Wee
 Oktober Catering beim Poker Turnéier zu Schëffleng

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 A wéi all Joër brauche mer Aer Mathëllef, fir dass dës Manifestiatiounen ee Succès gin.

Am éischten Deel vum Joër sinn et haaptsächlech eis Braderie, wou mer grillen a Gedrénks verkaafen, de Prologue vun der Flèche du Sud, wou mer Sëcherheet um Circuit musse garantéieren an awer och e puer Euro kënne mat Iessen a Gedrénks verdingen (hei brauche mer ongeféier 50 Leit), den Départ vun enger Etappe vum TdL, wou mer och de Catering maachen an eise Festival Cycliste, déi besonnesch aarbechtsintensiv sin. 

De Comité seet Iech elo scho Merci fir Aere Besuch an Aer Mathëllef bei deene verschiddenen Organisatiounen.

Leschten Update den Dënschdes, 23 März 2010 09:20
 
Comité 2010
Mëttwochs, 24 Februar 2010 14:17

 Zesummesetzung vum Comité vun der LP07 fir d'Joër 2010:

 Président
 Hansen Jean-Claude
 Vice-Président
 Heymans Gilbert
 Secrétaire Schartz Jeannot
 Trésorière Pennacchio Pascale
 Responsable Cyclotouristes
 Engel Alain
 Site Internet
 Magar Claude
 Responsables Matériel

 Majerus Claude

 Eiffes Gilles

 

 

Leschten Update den Freides, 26 Februar 2010 17:11
 

Newsflash

All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.

Sponsors

Banner

Login Form